Highlight event

Luxembourg Series of BPong 2025

Sports & Loisirs / 18.04.2025

Bureau de la population: seulement sur rendez-vous! Plus d'informations ici.

Den 1. BPC Luxembourg presentéiert: Luxembourg Series of BPong, en internationaalt Turnéier mat Spiller aus ganz Europa ! 🌍🏆

📅 Datum:

  • Freides, den 18. Abrëll: Kategorie 6 géint 6
  • Samsdes, de 19. Abrëll: Kategorie 2 géint 2

📍 Location:

Centre Polyvalent Gaston Stein

1, Rue Emile Nilles

L-6131 Junglinster

Dat erwaart iech:

  • Eng eenzegaarteg Ambiance, wou déi international Gemeinschaft vun de BPong-Spiller zesumme kennt
  • Zwou Kategorien:
    • 6 géint 6 (Freides) : Eng ofwiesslungsräich Kategorie, wou virun allem de Spaass am Vierdergrond steet
    • 2 géint 2 (Samsdes) : D’Gewënner gewannen eng Rees op Las Vegas fir un der World Series of BPong deel ze huelen am Wäert vun 1500€!🎰✈️
  • Fun Kategorië fir jiddereen, deen aus der Haaptkategorie rausgeflunn ass, fir dass kee muss enttäuscht heem goen
  • Den Turnéier gëtt no den offizielle Reegele vun der European Series of BPong gespillt

🚐 Sécherheet an Transport:

Organiséiert Navette fuere verschidden Hoteller un, fir jidderengem e sécheren Transport an den Hotel ze garantéieren.

🎟️ Séchert iech är Ticketen ab elo:

👉 Ticket Shop

🔗 Mellt Iech un a maacht iech prett fir zwee memorabel Deeg gefëllt mat Competitioun, Spill a Spaass.

Wee gëtt de nächste Champion vun der Luxembourg Series of BPong? 🎯 Kommt laanscht a fuerdert äert Gléck eraus a wee weess, villäicht fuert dir als Gewënner op Las Vegas!

🎬 LSOBP 2023 Aftermovie

https://www.youtube.com/watch?v=C48bkuD9ISs

Date et horaire : 18.04.2025 12:00 - 03:00

Lieu : Centre Polyvalent Gaston Stein

Organisateur : 1. BPC Luxembourg

Téléchargements

LSOBP crowd