
Lënster Maart 2025
Lënster Maart 2025 - Aschreiwungsformulaire
Traduction en bas de cette page / Translation at the bottom of this page
Nom Succès vun de leschte Joren, organiséiert d‘Gemeng Jonglënster, an Zesummenaarbecht mat der Firma Go-Concept, déi 5. Editioun vum Lënster Maart.
Freides, den 19. September vu 16:00 bis 23:00 Auer
Samschdes, den 20. September vun 10:00 bis 18:00 Auer fir d’Maartstänn a vun 10:00 bis 20:00 Auer fir d’Iess- a Gedrénksstänn (Veräiner).
Duerch den Duerfkär vu Jonglënster erwaarden Iech eng sëlleche Stänn vu Produzenten aus der Regioun, Kënschtler a Konschthandwierker, souwéi d’Associatiounen an d’Veräiner aus der Gemeng, déi dofir suergen, dass keen hongereg oder duuschtereg bleift. Flott Animatioun fir grouss a kléng stinn natierlech och um Programm an op deenen zwee Deeg suergen live Bands op der Bün an an de Strossen fir di richteg Stëmmung.
D’Participatioun um Maart ass fir d’Aussteller gratis. All Exposant muss awer selwer fir e Stand, Zelt oder soss en Iwwerdaach suergen. Vun dësem Joer un mussen Participant’en awer eng Kautioun vu 100€ bezuelen . Eréischt mat der Iwwerweisung vun dësem Betrag ass d’Participatioun confirméiert. Des Kautioun gett den Aussteller Samschdes um Maart zeréckbezuelt.
Iwwert dëse Link kënnt Dir Iech fir de Lënster Maart umellen!
Den Organisateur garantéiert
- Organisatioun a Koordinatioun vum Maart
- eng komplett Publicitéitscampagne rondrëm de Maart
- eng uspriechend Dekoratioun an Atmosphär
- Stroum - all Participant kann an enger 2. Phase uginn, wat hien u Stroum brauch - op Basis vun enger genauer Oplëschtung vu sengen Elektroapparater. Am Beräich vum Méiglechen kritt hien de Stroum zur Verfügung gestallt
- en adequat Sécherheetskonzept an Zesummenaarbecht mat den zoustännegen Autoritéiten.
- De ganze Site ass Nuets duerch e Gardiennage iwwerwaacht.
- Infrastruktur, Toiletten, Sëtzméiglechkeeten asw.
De Participant garantéiert
- dass hien net mam Gesetz a Konflikt steet
- säi Stand iwwert déi ganz Dauer vum Maart (déi 2 Deeg) op ze hunn an och eng physesch Präsenz um Stand ze hunn
- Sech un d’Konditioune vun der Charta „Antigaspi & Nohaltegkeet“ ze halen.
- Informatiounen ze deelen a Reklamm fir de Maart ze maachen (esou wéi et him méiglech ass)
- den Uweisunge vum Organisateur um Maart nozekommen.